Aerodynamik
Wat ass Aerodynamik?
Anhand vun loftschnëttegen Experimenter entwéckelen an testen d'Kanner hire Prototyp.
Aggregatzustänn Waasser
Waasser fënnt een ënner villen „Formen“: flësseg, fest, etc... Mär entdecken die verschidden Zoustänn an hir wichteg Bedeitung am Alldag.
Akustik
Wat ass een Toun? Wéi entsteet e Geräisch?
Mär entdecken mat flotten Experimenter wat de Schall ass, firwat Instrumenter schéin Téin vu sëch ginn...
Archimedes
Eureka! Mär experimentéieren wéi den Archimedes.
Basen a Saieren (Seefen)
Sauer Zäiten aus dem Chimiescours, déi keen (ph)-neutral gelooss hunn.Wee wees nach den Ënnerscheed? D'Kanner entdecken wéi eng wichteg Roll se an eisem Alldag spillen.
Bewegung an Konstruktion
D’Kanner verdéiwen sech an den Domaine vun der Bewegung a konstruéieren ee Gefir wat verschidden Tester muss packen.
Brécken
Wéi baut een eng Bréck?
Mär léieren verschidde Brécken kennen a bauen se no.
Brécken-Challenge
Versuch macht klug : Am Team bauen d’Kanner Modeller zu verschiddenen Aufgaben a léieren dobäi wat eng Bréck stabil mécht.
Brushbot
D’Kanner bastelen ee flotten Roboter an dekoréieren en op eng witzeg Manéier.
CO2
Eis Experimenter mat CO2 sin décke Gas!
CSI
CSI, dem Täter auf der Spur...
Am Labo ass eng lass, well d'Kanner kréien e Kriminalfall ze léisen.
Cubetto
Éischt Schrëtt am Programméiere mat dësem Material fir Kanner ab 3 Joer. Awer och méi al Kanner kënne gefuerdert ginn. Méi Infos: primotoys.com
Elektronesch Experimenter
Mir maachen einfach elektronesch Experimenter um "Breadboard“ mat Widderstänn, LED a.s.w. Duerno léit jiddereen e klenge Projet fir mat heem ze huelen.
Experimenter mam Fred 1
De Fred ass eng virwëtzeg Seechomes. Mat him entdecke mir vill spannend Experimenter.
Faarwen
blo a rout, giel a blo: Mir maache flott Experimenter fir Faarwen ze mëschen an ze "begräifen".
Faarwen (Précoce)
Nuets sinn d’Kazen alleguer gro...
Mee firwat dann? Mär fannen eraus, datt an eisem Liicht vill Farwen sinn, mär addéieren Pigmentfaarwen an mëschen nei Farwen...
Feier
Wou brennt et?
Mär entdecken wéi iwwerhaapt eppes kann brennen, ... an erëm geläscht kann ginn !
Fléien (Précoce)
3-2-1-lass, e Loftballon an eng Filmdous starte wéi eng Rakéit. De Pabeierfliiger flitt, … bis en eroffällt. Zum Gléck huet de Pilot e Fallschirm!
Fléien (C1)
Wat ka fléien? Mir testen dat a bastelen Fligeren a Rakéiten.
Jikkebunn
D'Kanner kréien verschidden Aufgaben fir eng Jikkebunn ze bauen. Eppes Feines fir d'Iwwerleeën an d'Motorik all dat mat Teamgeescht.
Katapult
Mat engem Hiewel, enger einfacher Maschinn, probéiere mir Saache sou wäit wéi méeiglech ze schéissen ouni eis midd ze maachen.
Kelten a Gallo-Réimer
Eng kleng Zäitrees gefälleg?
Kelten a Gallo-Réimer fanne mer net nëmmen an den Astérixbicher, mee guer net wäit vun hei ewech. Eng gutt Méiglechkeet fir di technësch Errungenschaften vun eise Virfahren um Tëtelbierg ze entdecken.
Dir kommt ee Mueren an eiser Kelten- a Réimer-Woch am Juni/Juli.
Konstruktion
D’Kanner entdecken Statik op eng flott Manéier.
Kräften
Mär lëften d'Geheimnisser vun Reiwung, Hiewelkraaft a co.
Little Bits
Little Bits sinn kleng elektronësch Bausteng mat deenen een spannend Saachen ka bastelen. Google it!
Loft
Einfach awer faszinant Experimenter zum Thema Loft
Alles nëmme warm Loft?
Anhand vun Experimenter entdecke mär Interessantes zum Thema Loft.
Alles nëmme warm Loft?
Anhand vun Experimenter entdecke mär Interessantes zum Thema Loft.
Loft (Précoce)
Loft ass iwwerall a si brauch Plaz. Dat weist en einfacht Experiment. An mir kenne nach anerer fir mat eppes ze schaffe, wat ee net gesäit.
Magnéiter
Alles zitt sëch un?
Mär entdecken unhand vun Experimenter di “magësch” Kräften vun engem Magnéit...
Nährstoffer
Wéivill Zocker ass am Ketchup?
D'Kanner kréien verschidden gängëg Nahrungsmëttelen op hir Inhaltsstoffer wi z.B. Zocker, Stärke, Fett a.s.w ze analyséieren an lëschten hir erschreckend Resultater op.
Optik - Licht und Schatten
Ouni Liicht géife mir näischt gesinn a keng Faarwen erkennen! Mir kucken eis d’Phänomen Liicht mol mi genau un!
Pabeier
Mär recycléieren Pabeier
Wou kënnt de Pabeier hir? D'Kanner bréngen eng Zeitung mat an mär maachen doraus flott eege Pabeiersblieder.
Recycl-Art
Technesch Geräter ginn ausernee geholl. Domat ka mat vill Fantasie visuell Konscht entstoen. Dovu gëtt eng Foto gemaach a speziell verschafft.
Salz
Mär entdecke mat Hellëf vu spannenden Experimenter d'Eegeschafte vum Salz.
Schwimmen - sinken
Schwammmeeschter!!
Firwat geet eng Mënz ënner an ee grousst Schëff net? D'Titanic ass jo eng Ausnahm, mee do ass eppes schief gelaf. D'Kanner fannen eraus wéini an firwat eppes schwëmmt oder ënnergeet.
Scratch & mBot
Mir entdecken eng einfache Programméiersprooch fir Kanner a steieren e Roboter mam Computer.
Seefeblosen
Eng propper Saach? Sëcherlech net!
Jiddereen kennt dat. Mee hues du schon deng eegen Seefeblosenflëssegkeet selwer hirgestallt, an dono nach aner Seefeblosen produzéiert mat geckegen Formen?
Skorpioun-Auto
Hei gëtt net nëmmen aus ongewéinlechen Deeler e coolen Auto gebaut, mee et gëtt och experimentéiert wéi mer eisem Auto méi Leeschtung kënne ginn.
Statesch Elektrizitéit
Statesch Elektrizitéit
Steinzeit
Eng kleng Zäitrees gefälleg?
Wéi hued den Neandertaler säi Feier ukritt? Woumatt ass den Cro-Magnon op d'Juegd gaangen? Op dëss Froën kréien d'Kanner hier Äntwerten: sëlwer d'Technik aus der Steinzeit ausprobéieren.
Stroum
Kann e Stroumkrees och eckëg sinn?Wéi kréien ech eng Luucht zum Liichten a wat brauch ech fir se un- an auszeschalten?
Stop-Motion
Op der Basis vun hirem eegene Szenario, bauen sech d’Kanner ee Set zesummen, wou se dann ee kuerze Video maachen. Am beschte mat hirem eegenen Handy. Eng gratis App gëtt et och, Action!!
Tower-Challenge
Wie baut den héchsten Tuerm ? Wiem säin Tuerm steet am stabilsten ? Wéi mécht een dat am beschten ? Flott Aufgaben mat einfachem Material aus dem Alldag !
Waasser
Einfach awer faszinant Experimenter zum Thema Waasser
Waasserexperimenter
Mär experimentéieren mam Element Waasser.
Waasserexperimenter
Mär experimentéieren mam Element Waasser.
Waasser (Précoce)
Waasser mëschen mat Feststoffer / Flëssegkeeten (Précoce)
Déi kléng Seechomes wëll en Haus bauen. Op der Picknickplaz fënnt si lauter Saachen. Mä woumat kann ee gutt bauen?
Déi kléng Seechomes wëll en Haus bauen. Op der Picknickplaz fënnt si lauter Saachen. Mä woumat kann ee gutt bauen?
Zännrieder
Zännrieder an Iwwersetzungen
Wat geschitt wann e puer Zännrieder uneneen dréinen a wat wann e grousst Zännrad vun engem klenge Zännrad ersat gëtt?